Wikipedia:De Stamminee
|
De Stamminee ass eng Plaz fir sech z'entspanen, Froe kënnen ze stellen a sech iwwer de Projet ze renseignéieren. Reegelen
Fir datt de Stamminee propper bleift, muss jidderee mathëllefen. Dofir biede mir Iech:
Kuckt och
Archiven
Hei kënnt Dir d'Archive vum Stamminee duerchsichen. Villäicht fannt Dir och an den Archiven eng Äntwert op Är Froen. |
„Easter Eggs“ fir 25 Joer Wikipedia
[Quelltext änneren]Ech sinn dorop gestouss, datt et fir 25 Joer Wikipedia eng Easter-Egg-Campagne gëtt, déi de 16. Februar bis de 16. Mäerz 2026 lafe soll. Dat ass eng kleng Spillerei, wou op vereenzelten Artikele jee no Theema e passende Beebee-Globus gewise gëtt, deen eppes mécht, wann een en uklickt.
Wa mir dëse sougenannte „Gebuertsdagsmodus“ op der lbwiki wëllen hunn, brauche mer de Konsens vun der Communautéit a kënnen dann ufroen, datt mer de Gebuertsdagsmodus hei zur Verfügung gestallt kréien. Doropshi kënne mir (resp. Adminen) selwer iwwer d'Spezialsäite vun der Community Configuration festleeën, op wat fir Säiten iwwerhaapt ee Beebee-Globus gewise soll ginn a wat fir een dat da soll sinn. Ausserdeem kënne mir selwer d'Astellung maachen a spéider änneren, ob de Gebuertsdagsmodus opt-out ass (also datt all Lieser déi verstreete Beebee-Globusse gesäit, et sief dann en deaktivéiert de Modus) oder opt-in (et gesäit kee Lieser d'Beebee-Globussen, et sief dann e géif de Modus explizitt aktivéieren).
Ech fannen dat eng witzeg Spillerei, déi keng Méi mécht (ech hunn déi néideg Interface-Messagë schonn all iwwersat a „Wëllkomm op der Wikipedia“ op Lëtzebuergesch als Audio-Fichier opgeholl – de Beebee-Globus schwätzt och heiansdo), a géif dat flott fannen, wa mer dat hei ee Mount laang hätten. Mir kënne jo mol mat der Opt-In-Versioun starte fir ze kucken, ob et éischter flott oder nerveg ass, an da jee nodeems d'Palett erweideren oder de Beebee-Globus ganz ofschalten.
Wat sot Dir dozou:
Sidd dir dofir, datt ech ufroen, datt mir d'Erweiderung WP25 Easter Eggs op der lëtzebuergescher Wikipedia installéiert kréien?
--Volvox (Diskussioun) 16:27, 9. Feb. 2026 (UTC)
Pro Ech sinn natierlech dofir, dofir hunn ech jo gefrot. ;-) --Volvox (Diskussioun) 16:30, 9. Feb. 2026 (UTC)
Pro Weess net richteg wéi et funktionéiert, mä komm, mir probéieren dat emol aus | GilPe (Diskussioun) 17:07, 9. Feb. 2026 (UTC)
Pro Net grad Ménges, mee firwat net. --Zinneke (Diskussioun) 17:26, 9. Feb. 2026 (UTC)
Pro wéi den Zinneke hei driwwer. --Cayambe (Diskussioun) 21:43, 9. Feb. 2026 (UTC)
Pro mol probéieren --MMFE (Diskussioun) 23:07, 9. Feb. 2026 (UTC)
Pro --Mobby 12 (Diskussioun) 09:52, 10. Feb. 2026 (UTC)
Pro --Robby (Diskussioun) 11:54, 10. Feb. 2026 (UTC)
Kommentar Well et net méi laang bis de 16. Februar ass, hunn ech elo schonn op meta:Talk:Wikipedia 25/Easter egg experiments#Enable on Luxembourgish Wikipedia op dës Ofstëmmung verlinkt a gefrot fir de Gebuertsdagsmodus opt-in z'aktivéieren. --Volvox (Diskussioun) 22:42, 10. Feb. 2026 (UTC)
Update
[Quelltext änneren]Den Gebuertsdagsmodus gouf op den Zäitraum vum 23. Februar bis de 6. Abrëll no hanne geréckelt, fir nach kënnen deen een oder anere Problem ze behiewen. D'Funktioun kann awer schonn ab dem 16. Februar hei getest ginn, allerdéngs net standardméisseg fir all Benotzer aktiv (wat mer jo souwisou fir d'éischt emol net wëllen). Et gëtt och elo eng Lëscht, op wat fir Säite wat fir ee Beebee-Globus optaucht: meta:Wikipedia 25/Easter egg experiments/article configuration.
Ënner Spezial:CommunityConfiguration/WP25EasterEggs kann all Admin de Gebuertsdagsmodus konfiguréieren.
Hei kann een alles noliesen: meta:Wikipedia 25/Easter egg experiments#Go-live date and configuration update – 12 Feb. --Volvox (Diskussioun) 22:46, 15. Feb. 2026 (UTC)
- Lo, wou en aktiv ass: De Gebuertsdagsmodus kann all Benotzer, dee wëll, selwer aktivéieren, andeems een en an den Astellunge vum Ausgesinn – dat ass dee „Brëll“ uewe riets nieft dem Benotzernumm, wou een och d'Schrëftgréisst, d'Breet an d'Faarfscheema astelle kann – aktivéiert. Da kënnt riets iwwer d'Geschierkëscht eng thematesch passend Globusanimatioun, wann een op bestëmmten Artikele geréit. --Volvox (Diskussioun) 13:05, 16. Feb. 2026 (UTC)
Wikiiessen 2026 a Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg
[Quelltext änneren]Gudde Mëtteg alleguer,
wéi all Joer invitéiere mir op eist traditionellt Wikiiessen, wat dëst Joer samschdes, de 7. Mäerz, vun 11:45 Auer un zu Leideleng am Restaurant „De Spackelter“ ass. Hei kënne sech all Wikipedianer treffe fir gemittlech zesummen e Maufel z'iessen a sech iwwer Erfarungen, Problemer oder Projeten op der Wikipedia auszetauschen. Et ass och eng gutt Geleeënheet fir aner Wikipedianer perséinlech kennenzeléieren.
Nom Iessen ass ab 14:00 Auer d'Generalversammlung vu Wikimedia Lëtzebuerg zu Leideleng am Kulturzenter „An der Eech“, op déi och jiddereen – ob Member vu Wikimedia Lëtzebuerg oder net – häerzlechst invitéiert ass.
Umeldung: Fir d'Wikiiessen kann ee sech iwwer d'Säit Wikipedia:Wikiiessen 2026 umellen a fir d'Generalversammlung iwwer d'Säit Wikipedia:Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg 2026. Alternativ kann ee sech och mat engem Kommentar hei drënner umellen; ech setzen déi Leit da bei déi offiziell Umeldungen iwwer déi zwou Evenementssäiten derbäi. Mellt iech wgl. bis spéitstens den 02.03. u fir d'Reservatiounen! --Volvox (Diskussioun) 12:26, 15. Feb. 2026 (UTC)
Schéine gudde Moien. Heimat mellen ech mech fir d’Wikiiesesen an d’Assemblée Générale 2026 un. Ech kommen och dëst Joer mam Zuch op de Leidelenger Gare. Villmoos Merci Marco Braun
Weider Deletion requests op Commons
[Quelltext änneren]Salut,
De User A1Cafel wütet weider zu Lëtzebuerg op Commons.
Hien huet elo en Deletion request gesat fir d'Biller op Commons:Deletion requests/Files in Category:Centre Hamilius.
Op der Säit hunn ech e Keep! gesat mam Zousaz:
Ob dat hëlleft weess ech awer net. BG, --Cayambe (talk) 22:17, 23 March 2026 (UTC) This page was last edited on 23 March 2 Cayambe (Diskussioun) 18:26, 24. Mäe. 2026 (UTC)
Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch fir Wikimedia Lëtzebuerg
[Quelltext änneren]Stellvertriedend fir all Mataarbechter op dëser Wikipedia-Versioun a Lëtzebuerger Sprooch gëtt Wikimedia Lëtzebuerg asbl dëst Joer mam Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch ausgezeechent.
Déi offiziell Zeremonie ass de 5. Mee 2026 um 19 Auer an der Nationalbibliothéik.
Jiddereen ass häerzlech invitéiert; Méi Informatioune fënnt een, a umelle kann ee serch, HEI (Communiqué op bnl.public.lu, 27.03.2026).
Grofschaft oder County?
[Quelltext änneren]Gudde Mëtteg,
Beim Iwwerschaffe vum Kenia sinn ech op déi administrativ Andeelung vum Land a „Counties“ gefall. Ech stelle mer elo d'Fro op mer bei der anglophoner Form vu County bleiwe sollen oder awer „Grofschaft“ huele sollen (dat ass dem LOD no d'Iwwersetzung vu County). Déi Däitsch huele „County“ an d'Fransousen „Comté“.
An déi déi aner Fro: ass et fir de Lemma éischter „County / Grofschaft Kakamega“ oder „Kakamega County / Grofschaft“ (also den Numm vir oder hannen)? Well mer normalerweis och Provënz xy hunn, géif ech mengen, datt „County / Grofschaft Kakamega“ besser wär.
Wat mengt Dir? | GilPe (Diskussioun) 14:47, 2. Abr. 2026 (UTC)
- Ausser de Countien an England, wat gewuessen traditionell Grofschafte waren, géif ech fir all déi aner County virzéien. --Les Meloures (Diskussioun) 14:59, 2. Abr. 2026 (UTC)
- Moien, ech halen et mam Les Meloures: well 'Grofschaft' eng eendeiteg historesch Bedeitung huet, géif ech do (an englesch beaflosste Länner), wou et am iwwerdroene Sënn fir eng administrativ Andeelung gebraucht gëtt (am Sënn vun Arrondissement, Kanton o ä.) d Wuert am Original als Terminus techniczs benotzen (also County ). Zinneke (Diskussioun) 15:10, 2. Abr. 2026 (UTC)
Okee, da leie mer op enger Linn. Merci | GilPe (Diskussioun) 12:42, 3. Abr. 2026 (UTC)
Inhaltsiwwersetzung limitéieren op (automatesch) confirméiert Benotzer
[Quelltext änneren]Ech proposéieren, de Gebrauch vum Tool „Inhaltsiwwersetzung“ (mw:Content translation) op automatesch confirméiert a confirméiert Benotzer anzeschränken.
Wat heescht dat?
[Quelltext änneren]D'„Inhaltsiwwersetzung“ ass en Interface fir Wikipedia-Artikelen tëscht verschiddene Sproochversiounen z'iwwersetzen. Et ginn och Maschinneniwwersetzungen ugebueden.
E Benotzer gehéiert op der lbwiki zur Benotzergrupp vun den automatesch confirméierte Benotzer (autoconfirmed), wann e säit mindestens 4 Deeg ugemellt ass[1]. Et kéint een och envisagéieren, eng Mindestännerungszuel vun 10 oder 5 ze fuerderen, wéi dat op enger Rei anere Wikien de Fall ass.
E Bürokrat kann ee Benotzer, deen d'Bedingunge vum automatesch confirméierte Benotzer nach net erfëllt, och manuell an de Benotzergrupp vun de confirméierte Benotzer (confirmed) setzen, deen déi selwecht Rechter mat sech bréngt.
- ↑ Op https://noc.wikimedia.org/conf/InitialiseSettings.php.txt liest een ënner
wgAutoConfirmAge'default' => 4 * 3600 * 24a keng Iwwerschreiwung fir lbwiki, souwéi ënnerwgAutoConfirmCount'default' => 0a keng Iwwerschreiwung fir lbwiki.
Firwat?
[Quelltext änneren]Duerch d'Maschinneniwwersetzung vun der „Inhaltsiwwersetzung“ ass d'Hemmschwell zimmlech niddereg fir schlecht Iwwersetzungen op der lbwiki ze maachen, och fir Benotzer, déi hei nach ni eppes geännert hunn an eventuell mat der Sprooch net vill um Hutt hunn. Doduerch, datt dat Geschier u gewësse Bedingungen gebonne géif ginn, déi awer relativ schwaach sinn, géif d'Warscheinlechkeet méi kleng ginn, datt Leit ouni Effort schlecht Iwwersetzungen uleeën, ouni datt et eng Aschränkung fir seriö Benotzer wier, déi scho säit méi wéi 4 Deeg derbäi sinn. Déi aner Méiglechkeet wier, alles un Iwwersetzungen eranzeloossen an ze hoffen, datt ee sech fënnt fir d'Artikelen an d'Rei ze setzen, éint se geläscht ginn.
Déi rezent Artikelen, déi iwwer d'„Inhaltsiwwersetzung“ ugeluecht goufen, kann een hei nokucken:
Wéi?
[Quelltext änneren]Am Aklang mat meta:Requesting wiki configuration changes géif ech op Phabricator en Ticket opmaachen a mat Verweis op dës Ofstëmmung – falls se favorabel ass – déi néideg Ännerungen ufroen.
--Volvox (Diskussioun) 13:23, 10. Abr. 2026 (UTC)
Pro, well et mäi Virschlag ass. --Volvox (Diskussioun) 13:24, 10. Abr. 2026 (UTC)
Pro mat der Propos fir d'Zuel vun de Mindestännerunge wa méiglech op d'mannst op 20 ze setzen. --Les Meloures (Diskussioun) 13:35, 10. Abr. 2026 (UTC)
Pro | Mobby 12 (Diskussioun) 15:35, 10. Abr. 2026 (UTC)
Pro | Komm mer probéieren emol mat 10 Ännerungen. | GilPe (Diskussioun) 16:54, 10. Abr. 2026 (UTC)
Pro -- Zinneke (Diskussioun) 18:43, 10. Abr. 2026 (UTC)
Kommentar Hei den Ticket T423100, deen ech opgemaach hunn. --Volvox (Diskussioun) 09:13, 13. Abr. 2026 (UTC)
Kommentar Den Ticket ass elo zou, d'Ännerung ass ëmgesat. Ab elo kënne just Adminen, automatesch confirméiert a confirméiert Benotzer den Inhaltsiwwersetzungstool benotzen. Lo misst et e bësse méi roueg gi mat neie Maschinneniwwersetzungen, déi net iwwerlies goufen. --Volvox (Diskussioun) 15:20, 29. Abr. 2026 (UTC)
Mindestens 10 Ännerunge fir automatesch confirméierte Benotzer ze ginn
[Quelltext änneren]Wéi ënner #Inhaltsiwwersetzung limitéieren op (automatesch) confirméiert Benotzer ernimmt, gëtt een op der lbwiki an d'Benotzergrupp vun den automatesch confirméierte Benotzer (autoconfirmed) gesat (cf. Special:UserGroupRights fir déi entspriechend Rechter ze gesinn), wann de Benotzerkont 4 Deeg al ass, ouni datt een eng Mindestzuel vun Ännerunge gemaach muss hunn. Et schéngt mer awer absurd, engem Benotzer gewëss Rechter ze ginn, just well e véier Deeg gewaart huet; dat seet näischt doriwwer aus, ob e konstruktiv gesënnt ass oder net, respektiv ob en eens gëtt oder net. Dofir proposéieren ech op Phabricator unzefroen, datt ee Benotzer och mindestens 10 Ännerunge gemaach muss hunn, fir automatesch confirméiert ze ginn. --Volvox (Diskussioun) 13:44, 10. Abr. 2026 (UTC)
Pro --Volvox (Diskussioun) 13:45, 10. Abr. 2026 (UTC)
Kommentar Ech gesinn, datt de @Les Meloures hei driwwer vun enger Mindestzuel vun Ännerunge vun 20 geschriwwen huet. Dat ass natierlech eng Fro vum Ofweien. A mengen Aen sollten et sou vill Ännerunge sinn, datt ee gesäit, ob de Benotzer konstruktiv ass an eenegermoossen eens gëtt, awer net méi wéi néideg, fir kee motivéierten Neien onnéideg ze blockéieren. Ech hat lo einfach mol 10 virgeschloen ... --Volvox (Diskussioun) 13:48, 10. Abr. 2026 (UTC)
- Kann och vläicht duergoen, an da gesäit ee jo a sengen Editen wat mat em lass ass. --Les Meloures (Diskussioun) 14:05, 10. Abr. 2026 (UTC)
Pro --GilPe (Diskussioun) 16:55, 10. Abr. 2026 (UTC)
Pro --Zinneke (Diskussioun) 18:46, 10. Abr. 2026 (UTC)
Pro --Mobby 12 (Diskussioun) 18:58, 10. Abr. 2026 (UTC)
Kommentar Hei den Ticket op Phabricator, deen ech opgemaach hunn T423102. --Volvox (Diskussioun) 09:22, 13. Abr. 2026 (UTC)
Pro --Cayambe (Diskussioun) 09:28, 13. Abr. 2026 (UTC)
Pro --Les Meloures (Diskussioun) 09:41, 13. Abr. 2026 (UTC)
Pro --Bdx (Diskussioun) 12:17, 14. Abr. 2026 (UTC)
Pro --MMFE (Diskussioun) 15:56, 14. Abr. 2026 (UTC)
Kommentar D'Ännerung misst elo ëmgesat sinn. Den Ticket gouf zwar nach net zougemaach, mee hei ass d'Ännerung schonn ze gesinn: https://noc.wikimedia.org/conf/InitialiseSettings.php.txt. Merci un all, déi ofgestëmmt hunn! --Volvox (Diskussioun) 22:36, 16. Abr. 2026 (UTC)
WikiProjet Eng Richtlinn pro Mount
[Quelltext änneren]Salut alleguer, wéi op der Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg 2026 proposéiert an diskutéiert hunn ech mech amuséiert d'Säit Wikipedia:WikiProjet Eng Richtlinn pro Mount unzeleeën, fir de WikiProjet „Eng Richtlinn pro Mount“ ze koordinéieren. De But vun deem Projet ass et, all Mount zu engem bestëmmte Beräich Richtlinnen zesummen auszeschaffen, déi duerno gestëmmt ginn an am positive Fall verbindlech sinn. Dat sou laang, wéi de Bedarf besteet.
Sidd der mat der allgemenger Virgoensweis, wéi ech se op der verlinkter Säit skizzéiert hunn averstanen? De konkreete Programm mengen ech domat net, dee kann ee jo op der Säit selwer diskutéieren an upassen; hei geet et mer ëm dat Prinzipiellt. --Volvox (Diskussioun) 14:50, 10. Abr. 2026 (UTC)
- D'aacord mam Prinzip, a Merci fir d'Initiativ! Warscheinlech wäert sech e gewësse Pragmatismus an d'Offolleg vun de Méint aschläichen, jee no Joreszäit an Disponibilitéit vun den interesséierte Mataarbechter. Loosse mer d'Saach emol rullen. --Zinneke (Diskussioun) 18:06, 10. Abr. 2026 (UTC)
Pro; och d'accord. |--GilPe
- Ech fannen dat eng gutt Initiativ, mee sinn net averstanen mat: "Wa mindestens 3 Benotzer ofstëmmen a mindestens 2/3 dofir sinn, ass d'Richtlinn ugeholl". Dat schéngt mir vill ze wéineg, fir eng Richtlinn verbindlech ze maachen. Op der Homepage steet, et géif 130 aktiv Benotzer ginn. Ech géif 10 Benotzer, déi ofstëmmen, viséieren (oder zumindest 7-8). Vläicht wier et och gutt, explizitt ze ernimmen, wat "ofstëmme" bedeit:
Pro;
Kontra; an
Neutral.
De proposéierte Programm ass gutt.
--Bdx (Diskussioun) 12:27, 14. Abr. 2026 (UTC)- @Bdx: Merci fir de Feedback! Ech hunn eng Erklärung derbäi gesat, wéi ofgestëmmt soll ginn. Bei {{Neutral}} war ech mer net 100%eg sécher, ob dat och als Ofstëmmung ziele soll, mee ech hunn et mol matgeholl. De {{Kommentar}} soll allerdéngs net matzielen.
- Zur Mindestzuel u Votten: 3 Votte schéngt wéineg, wann ee se mat ronn 130 aktive Benotzer vergläicht. Mee net nëmme beinhalten déi „aktiv Benotzer“ och temporär Konten (déi virdrun als IP-Adress guer net matgezielt goufen; deemools lounge mer éischter ëm 90), mee et muss ee kucken, wéi vill Benotzer iwwerhaapt eligibel wiere fir ofzestëmmen. An der aktueller Propos stinn als Krittäre fir kënnen ofzestëmmen:
- Zanter 2 Méint op der lëtzebuergescher Wikipedia ugemellt.
- Insgesamt mindestens 50 Ännerungen.
- Um Enn vun der Ofstëmmung mindestens 30 Ännerungen an de leschten 30 Deeg.
- Wann ech mer Stand elo déi aktiv Benotzer ukucken, dann erfëllen der just 8 déi dräi Krittären (Bdx, GilPe, Johnny Chicago, Les Meloures, Mobby 12, Puscas, Volvox an Zinneke). Deemno hu mer net vill Loft no uewen, fir méi eng staark Bedeelegung un der Ofstëmmung ze fuerderen. Mindestens 10 Ofstëmmunge sinn also net dran, ausser et géif een d'Krittären opweechen; och 7-8 schéngt mer e bësse vill, well dann och jidderee matmaache muss. Gefillt géif ech héchstens op 4 oder allerhéchstens 5 goen.
- Wat mengs du (oder déi aner) dozou? --Volvox (Diskussioun) 13:46, 14. Abr. 2026 (UTC)
- Bei
Neutral war ech mer net 100%eg sécher, ob dat och als Ofstëmmung ziele soll. - Dat froen ech mech och, an zwar an deem Sënnn datt jo net gesot als wat et ziele soll, ausser eng Rei ze fëllen an där ee wëll soen dat e keng Meenung huet. Nëtzt menger Meenung no bei enger Ofstëmmung kee Paff. --Puscas (Diskussioun) 14:06, 14. Abr. 2026 (UTC)
- Et géif een Ënnerscheed maachen, ob een d'Mindestzuel vun Ofstëmmungen erreecht huet (ob der dat lo 3 oder méi sinn). Bei zwou Pro-Stëmmen an enger neutraler, wier d'Richtlinn ugeholl, wann déi neutral als Ofstëmmung zielt, well mer dann zwou Stëmmen dofir hunn an insgesamt 3 Stëmmen.
- P.S.: Ech hunn d'Krittäre liicht méi schaarf resp. kloer formuléiert:
- Mindestens 2 Méint zanter der éischter Ännerung op der lëtzebuergescher Wikipedia.
- Insgesamt mindestens 50 Ännerungen op der lëtzebuergescher Wikipedia.
- Um Enn vun der Ofstëmmung mindestens 30 Ännerungen an de leschten 30 Deeg op der lëtzebuergescher Wikipedia.
- Mee et kann ee se natierlech och inhaltlech upassen en vue vun der Diskussioun uewen, falls néideg. --Volvox (Diskussioun) 14:13, 14. Abr. 2026 (UTC)
- Ech realiséiere grad, datt dat heesche géif, datt eng Neutral-Stëmm sech de facto wéi eng Kontra-Stëmm auswierke géif, wat definitiv net de Sënn vun der Saach ass. Et kéint ee soen, datt eng Neutral-Stëmm zwar fir d'Mindestzuel u Stëmme matzielt awer fir d'Unhuele vun der Richtlinn just 2/3 vun de Pro- a Kontra-Stëmmen néideg sinn, mee dat gëtt dann onnéideg komplizéiert. Ech huelen d'Neutral-Optioun mol rëm eraus. --Volvox (Diskussioun) 14:22, 14. Abr. 2026 (UTC)
- Bei
- Um Enn vun der Ofstëmmung mindestens 30 Ännerungen an de leschten 30 Deeg.
- Ech fannen dat net ganz gutt. Do géife mer z.B. Benotzer aussschléissen déi iwwwer Dausende vun Artikelen oder Ännerunge gemaach hunn an duerch Zoufall ee Mount net aktiv waren. Ech fannen dat wier eng Diskrimination par Rapport zu deene Benotzer.
- Wat den neutral ugeet do mengen ech datt déi Ausso näischt bréngt, dat ass wéi bei engem ongëltege Walziedel, do war zwar e wielen, awer dat wat e gewielt huet, gëllt net. Neutral oder Abstinenz ginn néirens als Stëmm gezielt.--Les Meloures (Diskussioun) 14:28, 14. Abr. 2026 (UTC)
- @Les Meloures Wat géifs de da virschloen? D'Zuel vun den Ännerungen an de leschten 30 Deeg erofsetzen? Oder den Zäitraum eropsetzen, fir datt Schwankungen an der Aktivitéit méi ausgeglach ginn? Oder de Krittär fir eng rezent Mindestaktivitéit ganz ewechloossen a just eng Gesamtännerungszuel fuerderen? --Volvox (Diskussioun) 18:09, 14. Abr. 2026 (UTC)
- @Volvox: Ech géif proposéieren fir am Allgemengen, Benotzer déi scho méi wéi ee Joer aktiv sinn an am Laf vum Joer aktiv waren vun deene Konditiounen auszeschléissen. --Les Meloures (Diskussioun) 06:48, 15. Abr. 2026 (UTC)
- Merci fir déi weider Erklärungen. Krittären 1 an 2 si fir mech an der Rei. Dat, wat de Les Meloures an der Linn hei driwwer proposéiert, ass och gutt. Och OK fir den "Neutral" net als Stëmm ze zielen. Menger Meenung no sollen awer weider mindestens 5 Benotzer dofir stëmme mussen, fir datt eng Richtlinn a Kraaft trëtt. Well et bleift eng Richtlinn, an net just en Recommandatioun.
Alternativ kéint een och bei 3 "Jo"-Stëmme bleiwen, an da gëtt d'Richtlinn "ad experimentum" fir ee Joer ugeholl. No engem Joer gëtt nach eng Kéier iwwer e méi laangen Zäitraum doriwwer ofgestëmmt, ob se dauerhaft ugeholl soll ginn. Mee dat mécht dat ganzt eventuell ze komplex. --Bdx (Diskussioun) 13:41, 15. Abr. 2026 (UTC)- Mat just de Krittären 1. an 2. kommen ech aktuell op 26 walberechtegt Net-Bot-Benotzer (dorënner der och, déi hei just maintenance tasks maachen an deemno souwisou net ofstëmme wäerten). Ech géif awer trotz allem net just fuerderen, datt de Benotzer am leschte Joer aktiv war, mee och eng Mindestzuel vun Ännerungen am leschte Joer gemaach huet. Dofir hunn ech mech amüséiert d'Ännerungszuel am leschte Joer fir déi aktiv Net-Bot-Benotzer zesummenzedroen (ech hoffen, datt ech mech néierens graff verdoen hunn):
- Merci fir déi weider Erklärungen. Krittären 1 an 2 si fir mech an der Rei. Dat, wat de Les Meloures an der Linn hei driwwer proposéiert, ass och gutt. Och OK fir den "Neutral" net als Stëmm ze zielen. Menger Meenung no sollen awer weider mindestens 5 Benotzer dofir stëmme mussen, fir datt eng Richtlinn a Kraaft trëtt. Well et bleift eng Richtlinn, an net just en Recommandatioun.
- @Volvox: Ech géif proposéieren fir am Allgemengen, Benotzer déi scho méi wéi ee Joer aktiv sinn an am Laf vum Joer aktiv waren vun deene Konditiounen auszeschléissen. --Les Meloures (Diskussioun) 06:48, 15. Abr. 2026 (UTC)
- @Les Meloures Wat géifs de da virschloen? D'Zuel vun den Ännerungen an de leschten 30 Deeg erofsetzen? Oder den Zäitraum eropsetzen, fir datt Schwankungen an der Aktivitéit méi ausgeglach ginn? Oder de Krittär fir eng rezent Mindestaktivitéit ganz ewechloossen a just eng Gesamtännerungszuel fuerderen? --Volvox (Diskussioun) 18:09, 14. Abr. 2026 (UTC)
| 55polo55 | 7 |
| Bdx | 1155 |
| Benemlu | 28 |
| Cayambe | 72 |
| Christian Ries | 225 |
| Corto lu | 234 |
| Dewilda | 17 |
| GilPe | 8724 |
| GuthJan | 11 |
| Ioni | 30 |
| Jamcelsus | 80 |
| Johnny Chicago | 2824 |
| Jwh | 25 |
| Kontributor 2K | 23 |
| Kwamikagami | 46 |
| Les Meloures | 5713 |
| MMFE | 460 |
| Makenzis | 126 |
| Mobby 12 | 6122 |
| Niegodzisie | 7 |
| Puscas | 785 |
| Soued031 | 1305 |
| Sultan Edijingo | 487 |
| Volvox | 5518 |
| Zinneke | 7630 |
| Ziv | 223 |
- Dës Lëscht schéngt déi op Spezial:Aktiv_Benotzer baséiert schéngt mir feelerhaft ze sinn wann ech meng eege Kontributiounen Meng 500 lescht Kontributiounen (500 Kontributiounen zanter Dezember 2025) kucken.Robby (Diskussioun) 23:27, 17. Abr. 2026 (UTC)
- Merci fir den Hiweis! Tatsächlech schéngt d'Lëscht vun den aktive Benotzer falsch gewiescht ze sinn. Dat ass beonrouegend an ech wéisst net, wourunner dat geleeë kann hunn. Mëttlerweil ass de Robby awer rëm richtegerweis op der Lëscht a feelt just nach a menger Tabell uewen. --Volvox (Diskussioun) 10:05, 21. Abr. 2026 (UTC)
- Ech géif proposéieren, mindestens 50 Ännerungen am leschte Joer ze hunn, da géifen aktuell nach ëmmer 17 walberechtegt Benotzer iwweregbleiwen an et kéint een 2. an 3. zesummenzefaassen zu:
Mindestens 50 Ännerungen am Joer virum Enn vun der Ofstëmmung op der lëtzebuergescher Wikipedia.
- Ënnert der Hypothees, datt déi Gréissenuerdnung vu 17 sou ongeféiert gläich bleift gëtt, kéint ee sech och trauen op eng Mindestzuel vu 7 Stëmmen ze goen.
- D'Unhuelen ad experimentum schéngt mer schwiereg, well een, dee sech souwisou un d'Richtlinnspropos hale wëll, dat och ouni Unhuelen ad exp. maache kann, resp. een, dee sech souwisou net drun hale wëll, dat och net bei Unhuelen ad. exp. maache muss. Et hätt deemno kee richtegen Effekt, falls ech dat richteg verstinn.
- Schéngt „Mindestens 50 Ännerungen am Joer virum Enn vun der Ofstëmmung op der lëtzebuergescher Wikipedia“ plus „mindestens 7 Stëmmen“ akzeptabel?
- --Volvox (Diskussioun) 22:21, 16. Abr. 2026 (UTC)
- Mëtteg,
- Wann ech dat elo richteg resuméieren, da wäre mer also elo bei:
MindestensOp d'mannst 2 Méint zanter der éischter Ännerung op der lëtzebuergescher Wikipedia;Mindestensop d'mannst 50 Ännerungen am Joer virum Enn vun der Ofstëmmung op der lëtzebuergescher Wikipedia;Mindestensop d'mannst 7 Stëmmen;- et sinn ⅔
Pro-Stëmmen néideg fir datt d'Richtlinn ugeholl ass.
Pro Fir mech schéngt dat okee. | GilPe (Diskussioun) 13:44, 17. Abr. 2026 (UTC)
Pro - schéngt mer räsonabel. Zinneke (Diskussioun) 21:38, 17. Abr. 2026 (UTC)
Pro - ok fir mech (mat der Ausnam dat et fir mech esou ausgesäit wéi wann d'lëscht vun den aktive Benotzer aktuell net ëmmer korrekt ass) Robby (Diskussioun) 23:27, 17. Abr. 2026 (UTC)
Pro Super! --Bdx (Diskussioun) 11:15, 18. Abr. 2026 (UTC)
Pro OK -- Johnny Chicago 18. Abr. 2026
Pro --Les Meloures (Diskussioun) 10:55, 21. Abr. 2026 (UTC)
Pro Ech hunn Wikipedia:WikiProjet Eng Richtlinn pro Mount à jour gesat. --Volvox (Diskussioun) 11:20, 21. Abr. 2026 (UTC)
Pro --Cayambe (Diskussioun) 17:56, 29. Abr. 2026 (UTC)
- Tipptopp, da consideréieren ech de Prinzip als ugeholl a mir kënnen ufänke mat Wikipedia:Wikiprojet Eng Richtlinn pro Mount/Direktläschkrittären. --Volvox (Diskussioun) 22:02, 30. Abr. 2026 (UTC)
Nimm vu Schoulen
[Quelltext änneren]Kuckt Iech wgl. dës Diskussioun un, a sot wgl. och är Meenung. --Puscas (Diskussioun) 12:09, 30. Abr. 2026 (UTC)
Kategoriendoublon
[Quelltext änneren]Moien, et gëtt dës 2 Kategorien:
- Säiten, déi duebel Argumenter a Schablounenopriff benotzen
- Säiten, déi duebel Argumenter a Schablounenopriff gebrauchen
Eng dervu schéngt zevill ze sinn. --Puscas (Diskussioun) 11:52, 19. Mee 2026 (UTC)
- A wat fir eng Kategorie Säite mat duebelen Argumenter a Schablounenopriff gesat ginn, gëtt op translatewiki definéiert. Am Historique gesäit een, datt de Robby den Numm am Oktober 2021 vu „[...] gebrauchen“ op „[...] benotzen“ geännert gouf. Zënterhier ass d'Kategorie mat „[...] gebrauchen“ vereelzt an dowéinst hunn ech se elo grad geläscht. --Volvox (Diskussioun) 12:34, 19. Mee 2026 (UTC)
- Déi heite Seiten, die fehlerhafte Argumente in Vorlagen aufrufen schengt et néirens méi ze ginn. --Puscas (Diskussioun) 14:16, 19. Mee 2026 (UTC)
- Ech verstinn net, wat mat där Ausso gemengt ass. --Volvox (Diskussioun) 14:30, 19. Mee 2026 (UTC)
- Déi pakt sech op näischt op Translate un. (Ech hunn näischt fonn). Vu wou aus géif déi gefiddert ginn? --Puscas (Diskussioun) 14:33, 19. Mee 2026 (UTC)
- Mee wat ass dann Seiten, die fehlerhafte Argumente in Vorlagen aufrufen? E Link géif mer hëllefen ze verstoen, vu wat genau s de schwätz. Well am Ufank vun dësem Abschnitt ass et ëm d'Säite „Kategorie:Säiten, déi duebel Argumenter a Schablounenopriff benotzen“ a „Kategorie:Säiten, déi duebel Argumenter a Schablounenopriff gebrauchen“ gaangen. An déi gi vun https://translatewiki.net/wiki/MediaWiki:Duplicate-args-category/lb definéiert. --Volvox (Diskussioun) 14:39, 19. Mee 2026 (UTC)
- Ah pardon, mäi Feeler, ech kann anscheinend net richteg sichen, mir hunn eng Säit „Kategorie:Seiten, die fehlerhafte Argumente in Vorlagenaufrufen verwenden“, déi ech elo och fonnt hunn. --Volvox (Diskussioun) 14:43, 19. Mee 2026 (UTC)
- D'„Kategorie:Seiten, die fehlerhafte Argumente in Vorlagenaufrufen verwenden“ gëtt vum Modul:Aux definéiert an dat Modul schéngt – wann ech näischt iwwersinn – just vun der Schabloun:WebRef benotzt ze ginn, déi néierens am Asaz ass. Ob dat lo sënnvoll ass, ass nach eng aner Fro. --Volvox (Diskussioun) 14:50, 19. Mee 2026 (UTC)
- Et war mäi Feeler ech hat mech net kloer augedréckt --Puscas (Diskussioun) 14:52, 19. Mee 2026 (UTC)
- Déi Schabloun kann ee jo da vläicht läschen, et gëtt se och soss nach just op 2 klenge Wikien. An d'Kategorie dann och. --Puscas (Diskussioun) 14:56, 19. Mee 2026 (UTC)
- Ech hu mol hei eng Läschdiskussioun lancéiert: Wikipedia:Läschen#Schabloun:WebRef. --Volvox (Diskussioun) 18:28, 19. Mee 2026 (UTC)
- Déi Schabloun kann ee jo da vläicht läschen, et gëtt se och soss nach just op 2 klenge Wikien. An d'Kategorie dann och. --Puscas (Diskussioun) 14:56, 19. Mee 2026 (UTC)
- Et war mäi Feeler ech hat mech net kloer augedréckt --Puscas (Diskussioun) 14:52, 19. Mee 2026 (UTC)
- D'„Kategorie:Seiten, die fehlerhafte Argumente in Vorlagenaufrufen verwenden“ gëtt vum Modul:Aux definéiert an dat Modul schéngt – wann ech näischt iwwersinn – just vun der Schabloun:WebRef benotzt ze ginn, déi néierens am Asaz ass. Ob dat lo sënnvoll ass, ass nach eng aner Fro. --Volvox (Diskussioun) 14:50, 19. Mee 2026 (UTC)
- Ah pardon, mäi Feeler, ech kann anscheinend net richteg sichen, mir hunn eng Säit „Kategorie:Seiten, die fehlerhafte Argumente in Vorlagenaufrufen verwenden“, déi ech elo och fonnt hunn. --Volvox (Diskussioun) 14:43, 19. Mee 2026 (UTC)
- Mee wat ass dann Seiten, die fehlerhafte Argumente in Vorlagen aufrufen? E Link géif mer hëllefen ze verstoen, vu wat genau s de schwätz. Well am Ufank vun dësem Abschnitt ass et ëm d'Säite „Kategorie:Säiten, déi duebel Argumenter a Schablounenopriff benotzen“ a „Kategorie:Säiten, déi duebel Argumenter a Schablounenopriff gebrauchen“ gaangen. An déi gi vun https://translatewiki.net/wiki/MediaWiki:Duplicate-args-category/lb definéiert. --Volvox (Diskussioun) 14:39, 19. Mee 2026 (UTC)
- Déi heite Seiten, die fehlerhafte Argumente in Vorlagen aufrufen schengt et néirens méi ze ginn. --Puscas (Diskussioun) 14:16, 19. Mee 2026 (UTC)
Historesch Recherchen a Wikipedia: Wéi eng Symbios fonktionéiere kann
[Quelltext änneren]Moien,
Frësch publizéiert: En intressanten Artikel vum C2DH vun der Uni Lëtzebuerg iwwer d'Wëssensvermëttlung vun Daten, déi s'am Kader vun engem Projet zesummegedroen hunn, a wéi a firwat d'Wikipedia a Wikidata dofir kënnen (a sollte) genotzt ginn, fir dës Informatiounen engem méi breede Public zougänglech ze maachen (an d'Méiglechkeet ze ginn, se weider auszebauen). Et geet konkreet ëm den ERC Projet Digital Archaeology of Shell Companies, a betrëfft op der lb:Wikipedia rezent Artikelen zu fréiere Banken zu Lëtzebuerg a vereenzelt Biographien déi domat am Zesummenhang stinn.
Fir nozeliesen: Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH): "Why put the history of shell companies on Wikipedia?" uni.lu, 25.06.2026.
-- Zinneke (Diskussioun) 08:51, 25. Jun. 2026 (UTC)
- Merci fir d'Deelen, interessant. --Bdx (Diskussioun) 12:15, 2. Jul. 2026 (UTC)
Fläche vun de Gemengen zu Lëtzebuerg
[Quelltext änneren]Gudde Mëtteg,
An de lëtzebuergesche Geographie-Artikelen (Gemengen, Kantonen, asw.) sti gemenkerhand Donnéeën iwwer d'Fläch dran, déi deels aus enger aler Datebank vum Kadaster (vun 2009) oder aus enger Lëscht vum STATEC (vun 2018) hierkommen. Déi éischt gëtt et net méi an där Form an déi aner ass net à jour. Op Nofro krut ech gesot, datt „de STATEC an dëser Saach net zoustänneg ass“ an datt si bis elo „einfach d'Fläche vun de Gemengen, déi fusionéiert hunn, zesummegerechent“ hunn (Grenzännerungen wéi z. B. tëscht Péiteng a Käerjeng sinn deemno net berécksiichtegt).
Op Open Data fënnt een eng „Liste des communes, cantons, districts, circonscriptions électorales et arrondissements judiciaires“ an där och d'Flächen dra stinn. Et ass just esou, datt wann een d'Zomm vun de kommunale Fläche mécht, en Total fir d'Land vun 2.593 km² erauskënnt, wat ronn 7 km² méi ass wéi déi 2.586 km², déi bis elo allgemeng fir d'Land bekannt sinn. Eng Erklärung doriwwer fënnt en an dëser Diskussioun an där awer och preziséiert gëtt, datt an deenen Zuelen d'Upassungen vun de Limitten an d'Echange vun Parzellen mat dra sinn.
D'Fro ass elo: schwätzt eppes derfir fir bei den historeschen Donnéeën (ongenee bis falsch) ze bleiwen? Am anere Fall géif ech mech drëm këmmeren fir déi méi genee „surface géométrique“ aus der Lëscht vum Kadaster anzesetzen. | GilPe (Diskussioun) 16:34, 27. Jul. 2026 (UTC)
- Moien,
- m. M. no mécht et wéineg Sënn bei den 'historeschen' Donnéeën ze bleiwen, well se jo ongenee / falsch sinn. | Mobby 12 (Diskussioun) 17:50, 27. Jul. 2026 (UTC)
- Ech schléisse mech dem Mobby 12 un. Wann et méi genau Zuele gëtt, wier et schued, se net ze berücksichtegen. --Volvox (Diskussioun) 22:48, 27. Jul. 2026 (UTC)
Fir déi aktuell 100 Gemenge goufen d'Flächen op der Basis vun der Kadaster-Lëscht vun 2024 op Wikidata à jour gesat an an de Gemengen-Artikele gouf |Fläch = ... geläscht, sou datt de Wikidata-Wäert ugewise gëtt. | GilPe (Diskussioun) 19:17, 8. Aug. 2026 (UTC)
- Topp! | Mobby 12 (Diskussioun) 19:57, 8. Aug. 2026 (UTC)
„Project Streaks“ – nei Säit mat Statistiken
[Quelltext änneren]Salut, ech hu viru kuerzem eng flott Säit vun meta:User:Msz2001 entdeckt, wou ee pro Wikipedia-Versioun Statistiken iwwer Benotzer mat deene längsten onënnerbrache Serië vun Deeg mat mindestens enger Ännerung oder enger neier Säit (am Artikelnummraum oder insgesamt) gesi kann. Ech hunn natierlech direkt gefrot, ob et méiglech wier, d'lbwiki derbäizesetzen, an dat gouf direkt ëmgesat ^_^
Linke sammelen, fir Bicher mat hirer ISBN ze sichen
[Quelltext änneren]Déi meeschte kenne villäicht d'Spezialsäit Spezial:Bicher mat hirer ISBN sichen, op déi ee kënnt, wann een op en ISBN-Link klickt, wéi zum Beispill ISBN 9782919964406.
Den Inhalt vun där Spezialsäit kann een op der neier Säit Wikipedia:Bicherreferenzen upassen. Ech hu do lo mol dat éischtbescht u Linken dropgesat, wat mer agefall ass, mee jidderee soll sech invitéiert fillen, fir do Internetsäiten derbäizesetzen oder erofzehuelen (oder de Formatage an den Text vun der Säit ze verschéineren), fir datt déi Spezialsäit esou nëtzlech wéi méiglech gëtt. --Volvox (Diskussioun) 20:10, 10. Aug. 2026 (UTC)
- Fir den Historique: Virdru gouf dat hei op der Spezialsäit ugewisen (ouni datt ech enzwousch de Quelltext fonnt hätt):
Hei ass eng Lëscht mat Linken op Internetsäiten, déi nei a gebraucht Bicher verkafen. Do kann et sinn, datt Dir méi Informatiounen iwwer déi Bicher fannt, déi Dir sicht.
[http://www.abebooks.de/servlet/BookSearchPL?ph=2&isbn=MAGICNUMBER abebooks.de]
[https://www.amazon.de/gp/search/field-isbn=MAGICNUMBER amazon.de]
[http://www.buch.de/shop/home/suche/?sswg=BUCH&sq=MAGICNUMBER buch.de]
[http://www.ubka.uni-karlsruhe.de/kvk.html?SB=MAGICNUMBER Karlsruher Virtueller Katalog (KVK)]
[http://www.lob.de/cgi-bin/work/suche?flag=new&stich1=MAGICNUMBER Lehmanns Fachbuchhandlung]- --Volvox (Diskussioun) 20:11, 10. Aug. 2026 (UTC)
- Moien, e Link zu engemm Verbondskatalog vu Bibliothéiken (z.B. a-z.lu) wier och nëtzlech, wann ee wëll gewuer ginn, ob een dat Buch iergendwous liesen oder ausléine kann. Da misst een den Text am Ufank e bëssen differenziéieren ("Fir ze kucken, ob a wou dëst Buch zu Lëtzebuerg ze fannen ass, kuckt op a-z.lu.") --Zinneke (Diskussioun) 07:23, 27. Aug. 2026 (UTC)
- Salut, a-z.lu ass ënner Wikipedia:Bicherreferenzen opgelëscht, mee du kanns den Text do awer upassen, wéi s de wëlls. (Den Auzuch hei uewe war just déi al Säit, net déi aktuell). --Volvox (Diskussioun) 07:37, 27. Aug. 2026 (UTC)
- Moien, e Link zu engemm Verbondskatalog vu Bibliothéiken (z.B. a-z.lu) wier och nëtzlech, wann ee wëll gewuer ginn, ob een dat Buch iergendwous liesen oder ausléine kann. Da misst een den Text am Ufank e bëssen differenziéieren ("Fir ze kucken, ob a wou dëst Buch zu Lëtzebuerg ze fannen ass, kuckt op a-z.lu.") --Zinneke (Diskussioun) 07:23, 27. Aug. 2026 (UTC)
PDF-Symbol hanner PDF-Linken
[Quelltext änneren]Salut, ech hu mat dëser Ännerung vu MediaWiki:Common.css bewierkt, datt hanner PDF-Linken erëm kleng PDF-Symboler stoe kommen. Souwäit ech dat novollzéie kann, ass dat fréier gaangen, mee an der Benotzeruewerfläch Vector (2022), dem aktuelle Standard, hat et net méi geklappt.
Falls iergendengem eppes opfält, wou eppes mam Affichage vum PDF-Symbol net stëmmt oder eent ugewise gëtt, wou kee soll sinn, oder ëmgedréint, oder einfach nëmmen ee Verbesserungsvirschléi huet, sot gäre Bescheed. --Volvox (Diskussioun) 09:21, 18. Aug. 2026 (UTC)
- Salut,
- dat ass eng gutt Saach. Dat eenzegt wat mech e bëssi stéiert, ass datt d'Symbol "al" ausgesäit, wéi eng .png Versioun. Mee ech denken net, datt ee vun der lb. Wiki en Afloss op de Fichier huet. Ech kenne mech nach net genuch aus. | Mobby 12 (Diskussioun) 21:02, 24. Aug. 2026 (UTC)
- Dach, dach, op MediaWiki:Common.css steet an der Zeil 663
background: url("//upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/2/23/Icons-mini-file_acrobat.gif") no-repeat right;
- Do kann een all Fichier vu Wikimedia Commons asetzen, deen engem gefält; fir déi richteg URL ze kréien, muss ee just op Commons op d'Bild klicken an dann den entspriechenden Deel vun der URL kopéieren. Bspw. fir commons:File:Icons-mini-file_pdf.svg kréien ech
https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/c/cb/Icons-mini-file_pdf.svg?utm_source=commons.wikimedia.org&utm_campaign=index&utm_content=original, dann nach d'UTM-Trackeren eraus et voilà:https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/c/cb/Icons-mini-file_pdf.svg. Nieft der SVG-Versioun gëtt och eng PNG-Versioun commons:File:Icons-mini-file acrobat.png. Eppes, wat mech – a villäicht just mech? – awer bei alle stéiert, ass, datt e klenge wäisse Bord ronderëm de Pabeier ass, deen am däischtere Modus net gutt ausgesäit (awer am helle Modus net siichtbar ass). Oppe fir Virschléi, soss iwwerleeën ech mer deemnächst eppes. Ännere kann dat just een Interface-Admin. --Volvox (Diskussioun) 21:57, 26. Aug. 2026 (UTC)- Stëmmt, mee well et jo bei deenen zwee ass, gesäit den .svg-Fichier dann trotzdeem méi propper aus wéi de .png-Fichier. | Mobby 12 (Diskussioun) 09:16, 30. Aug. 2026 (UTC)
- Ech hunn d'Zeil lo op gesat. Ech denken, dat miss lo ok ausgesinn (et kéint een och um
background: url("//upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/c/cb/Icons-mini-file_pdf.svg") no-repeat right;
padding: 8px 18px 8px 0;nach eppes ännere fir d'Ofstänn uewen, riets, ënnen a lénks falls dat net optimal ass). -Volvox (Diskussioun) 09:48, 30. Aug. 2026 (UTC)- Sou gesäit et besser aus. D'Ofstänn ze änneren ass vläit nëmme Gepiddels. Mee sou ass et schonn topp. Merci! | Mobby 12 (Diskussioun) 09:52, 30. Aug. 2026 (UTC)
- Ech hunn d'Zeil lo op
- Stëmmt, mee well et jo bei deenen zwee ass, gesäit den .svg-Fichier dann trotzdeem méi propper aus wéi de .png-Fichier. | Mobby 12 (Diskussioun) 09:16, 30. Aug. 2026 (UTC)
Ofstëmmung: Konfiguratioun fir „linktrail“ (Wikilinken)
[Quelltext änneren]Salut,
wéi déi meeschte wësse wäerten, kann een [[Astronaut]]en amplaz vun [[Astronaut|Astronauten]] schreiwen, fir de Wikilink Astronauten ze kréien. Allerdéngs klappt dat a verschiddene Fäll, wou Buschtawen diakritesch Zeechen hunn, aktuell net, wéi z. B. bei [[Miwwel]]stéck, wat Miwwelstéck gëtt.
Techneschen Hannergrond: Op https://raw.githubusercontent.com/wikimedia/mediawiki/master/languages/messages/MessagesLb.php kann ee mat $linkTrail definéieren, wat fir eng Zeechen hannert dem ]] vun engem Wikilink nach mat an den Affichage vum Wikilink geholl ginn. Well dee Parameter fir Lëtzebuergesch aktuell net gesat ass, applizéiert sech dee vun der fallback-Sprooch Däitsch. Do steet op https://raw.githubusercontent.com/wikimedia/mediawiki/master/languages/messages/MessagesDe.php $linkTrail = '/^([äöüßa-z]+)(.*)$/sDu';. Dowéinst klappt et och mat de Buschtawen äöüß (z. B. [[Astronaut]]enübung → Astronautenübung), awer net mat âàçëéêèïîôû etc.
Fir dat ze änneren, proposéieren ech fir op Phabricator ze froen, datt op MessagesLb.php d'Zeil
$linkTrail = '/^([äâàçëéêèïîöôüûßa-z]+)(.*)$/sDu';
derbäigesat gëtt. Wéi fir all Fro fir d'Konfiguratioun vun engem Site ze änneren ass virdrun eng Ofstëmmung néideg.
Falls een nach gäre Buschtawen an d'Lëscht opgeholl wëll hunn, sot Bescheed. --Volvox (Diskussioun) 09:58, 24. Aug. 2026 (UTC)
UPDATE: Ech hunn uewen nach d'Buschtawen â an î derbäigesat, well den â theoreetesch an engem Linktrail virkomme kéint an den î tatsächlech a Linktrails virkënnt. --Volvox (Diskussioun) 09:11, 30. Aug. 2026 (UTC)
Pro, well et mäin eegene Virschlag ass. --Volvox (Diskussioun) 09:59, 24. Aug. 2026 (UTC)
Kommentar: Ech weess, datt et de „linktrail“ gëtt, hunn awer de Sënn an Zweck nach ni verstanen… wann ech e Link nämlech am Visual Editor setzen, gëtt souwisou [[Astronaut|Astronauten]]geschriwwen. | GilPe (Diskussioun) 13:20, 24. Aug. 2026 (UTC)- Et schreift sech méi séier an et liest sech méi flësseg am Wikitext.
- Fir de Visual Editor mag déi Funktioun keng Roll spillen, mee dee gouf op der lbwiki 2026 just fir 17 % vun den Ännerunge benotzt (Source: https://lb.wikiscan.org/?menu=tables&submenu=tags&type=user; fir d'Taggen: Spezial:Taggen).
- Mat anere Wierder ginn déi meeschten Ännerungen also (nach ëmmer) am Wikitext gemaach. --Volvox (Diskussioun) 14:25, 24. Aug. 2026 (UTC)
Kommentar Dee Moment, wou ech dat hei schreiwen, gëtt et nach ëmmer 747 Säiten, wou e Wikilink net richteg ugewise gëtt, wéinst dem Problem, deen ech hei ze léise probéieren (de Link brauch eng Zäitche fir ze lueden, well d'Sich dauert).- Den AWB huet och d'Gewunnecht als general fixes Kontraktiounen à la
[[a|ab]]→[[a]]bvirzeschloen (cf. en:Wikipedia:AutoWikiBrowser/General fixes#Simplify links (SimplifyLinks)). Wee beim Gebrauch vum AWB net oppasst, kann also onverhofft därer Wikilinkproblemer mat diakriteschen Zeechen nei aféieren. --Volvox (Diskussioun) 14:38, 24. Aug. 2026 (UTC)
Pro okee dann. | GilPe (Diskussioun) 14:56, 24. Aug. 2026 (UTC)
Pro | Mobby 12 (Diskussioun) 20:57, 24. Aug. 2026 (UTC)
Pro | Robby (Diskussioun) 21:20, 24. Aug. 2026 (UTC)
Pro | MMFE (Diskussioun) 08:09, 27. Aug. 2026 (UTC)
Kommentar Ech hunn elo den Ticket T436446 opgemaach. --Volvox (Diskussioun) 09:20, 30. Aug. 2026 (UTC)
Wiki Loves Monuments Belsch a Lëtzebuerg 2026
[Quelltext änneren]Wéi der villäicht schonn duerch de Banner matkritt hutt, huet de Fotosconcours Wiki Loves Monuments Belsch a Lëtzebuerg 2026 haut ugefaangen a geet bis den 30. September. Op der verlinkter Säit[1] gëtt et och ee Knäppchen, fir Fotoe vu Lëtzebuerg eropzelueden. Op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter – respektiv de Gemengenënnersäiten – gesäit een, wat fir klasséiert Monumenter mer hunn a virun allem, wou nach Fotoe feelen, déi een dann am Kader vu Wiki Loves Monuments eropluede kann.
Op der Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg 2026 war dovunner rieds gaangen, datt Lëtzebuerg bei Wiki Loves Monuments vun der belscher Campagne mat ofgedeckt gëtt a wéi een dat op der lbwiki méi visibel maache kéint. A mengen Ae geet et duer, datt op der lbwiki de Banner geschalt gëtt, deen op déi belsch-lëtzebuergesch Campagne weiderleet (an datt et hei um Stamminee nach eng Kéier ernimmt ass). Ween awer nach aner Virschléi huet: Gären!
- ↑ Déi ech de Moie vite fait iwwersat hunn an déi dowéinst gäre korrekturgelies däerf ginn.
--Volvox (Diskussioun) 08:08, 1. Sep. 2026 (UTC)
- Moien, flott dass eis Noperen eis weiderhin mat duerchhuelen. Méi wéi dee Banner muss mMn net sinn. Wann ee vun eis Loscht huet, kann e sech bei hinne mellen als Kontakt, a fir ze soen, mir kéinte gäer en A drop halen, wann et drop ukéim, déi 'richteg' klasséiert Monumenter vun den net-klasséieren (wéi de Palais, der d'Kathedral...) z'ënnerscheeden. --Zinneke (Diskussioun) 16:51, 2. Sep. 2026 (UTC)
Buergermeeschteren
[Quelltext änneren]Moien,
wéi Der vläicht scho gesinn hutt, hunn ech op der Haaptsäit als "aktuelle WikiProjet" d'Theema Buergermeeschteren agesat, an eng Projetsäit dozou gezwafft. Déi "al" hunn ech eraousgeholl, well sech do scho méi laang net méi vill geréiert huet, fir mol en neie Projet ze lancéieren. 'T geet drëms dass zu all Gemeng am Land all Buergermeeschteren, déi et do mol gouf, am Artikel zu der Gemeng ze fanne sinn (Kapitel "Politik").
D'Iddi ass, datt sech doduerch - ausser dem "haarde Kär" hei - och vläicht lokalhistoresch intresséiert Leit ugesprach fillen, an do mathëllefe kéinnten. D'Hemmschwell, eppes eng éischt Kéier hei ze schreiwen, dierft bei enger Lëscht vun Nimm hoffentlech niddreg genuch sinn. Ma natierlech dierf och soss jidderee sech beruff fillen, z.B. Gemengen ze kontaktéieren, d'Veräinsbroschüren an d'Zeitungen op eLuxemburgensia ze duerchwullen, asw. -- Zinneke (Diskussioun) 11:00, 15. Sep. 2026 (UTC) --Zinneke (Diskussioun) 19:06, 15. Sep. 2026 (UTC)
- Eng tipptopp Saach, och fir en Iwwerbléck ze hunn, wou d'Buergermeeschteren nach net vollstänneg sinn.
- Mat e bëssen enger anerer Zilsetzung, awer thematesch nobäi an dowéinst villäicht hei derwäert ernimmt ze ginn, hunn ech op Benotzer:Volvox/Buergermeeschteren eng Tabell (an e Link op eng SPARQL-Requête) gesat, fir d'Maintenance vun den aktuelle Lëtzebuerger Buergermeeschteren op Wikidata ze maachen. Déi sinn nämlech bei wäitem net sou aktuell wéi eis Schablounen an en plus ginn se op zwou onofhängeg Manéiere modeléiert. Wikidata-Buergermeeschtere speisen net nëmmen all méiglech Wikipedia-Sproochversiounen, mee och Govdirectory (cf. https://www.govdirectory.org/luxembourg/). Dohier amuséieren ech mech peu à peu, déi aktuell Buergermeeschteren richteg anzedroen, an der Hoffnung, bis déi nächst Wale fäerdeg ze sinn ;) --Volvox (Diskussioun) 17:16, 15. Sep. 2026 (UTC)
- Sounds good! No der Wal ass virun der Wal, wéi se soen... --Zinneke (Diskussioun) 19:06, 15. Sep. 2026 (UTC)--
Your feedback wanted: Remove (Language link added:) and similar edits from Special:RecentChanges
[Quelltext änneren](Apologies for posting in English. You can help by translating it)
Hello, I’m Danny from Wikimedia Deutschland’s Wikidata For Wikimedia Projects team.
We have been investigating and examining how Wikidata’s use in the Special:RecentChanges and Special:Watchlist pages can be made to be more useful, or less ‘noisy’ (fewer edits that have little value to the reader).
We are currently exploring to make a change in the volume and the type of Wikidata edits that appear in these pages, and we need your feedback to help us ensure this is a positive change for the Wikis and won’t disrupt your workflows.
Language links are also known as sitelinks or interlanguage links and describe when a Wikidata item is connected to a Wiki, adding it to the language dropdown tool for other connected Wikis.

The request for feedback is whether you support the removal of these language link edits from the Recent Changes and Watchlist feed, or would you oppose such a change and if so, why? Please share you thoughts on the dedicated metawiki Talk page.
Further information about this change: m:Wikidata_For_Wikimedia_Projects/Hide_Language_Link_edits
Thank you for any participation or feedback you give, -- User:Danny Benjafield (WMDE) 15:26, 21. Sep. 2026 (UTC)
(Diese Nachricht wurde an Wikipedia:De Staminee gesendet und wird aufgrund einer Weiterleitung hier veröffentlicht.)
