Op den Inhalt sprangen

Südafrika

Vu Wikipedia
Republic of South Africa (Engl.)
Republiek van Suid-Afrika (Afrikaans)
Republik Südafrika
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
National Devise
"N'kosi Sikeleli Africa"
(Gott soll Afrika protégéieren)
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Afrikaans - Englesch - Süd-Ndebele
Xhosa - Zulu - Nord-Sotho
Sesotho - Setswana - Siswati
, Tshivenda - Xitsonga
Haaptstad Pretoria (administrativ)
Kapstad (legislativ)
Bloemfontein (geriichtlech)
Staatsform Republik
Staatsleedung
President vu Südafrika Cyril Ramaphosa
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 1.221.037 km²
(25.. Plaz)
Bevëlkerung 62.027.503 (02.02.2022)
(25. Plaz)
Bevëlkerungsdicht 42,4 Awunner/km²
Geschicht a Staatssymboler
Onofhängegkeet 31. Mee 1910 (vu Groussbritannien)
Nationalhymn Südafrikanesch Nationalhymn
Praktesch Informatiounen
Wärung Rand (ZAR)
Zäitzon UTC +2
Internet-TLD .za
Internationalen Telefonsprefix +27
De Kap vun der gudder Hoffnung an de Cape Point

Südafrika ass e Staat a Form vun enger Republik am Süde vun Afrika. D'Haaptstad ass gespléckt. De Sëtz vun der Regierung ass zu Pretoria, dee vum Parlament zu Kapstad an d'iewescht Geriicht ass zu Bloemfontein etabléiert.

Südafrika bedeckt eng Fläch vun 1.219.912 km² (abegraff d'Marion Island an d'Prince Edward Islands).

Südafrika huet 44.344.136 Awunner (Juli 2005). Et ass e Land mat enger jonker Bevëlkerung: 30,3 % vun der Populatioun hu manner wéi 14 Joer. D'Liewenserwaardung ass déif. Déi geschat Awunnerzuelen a Südafrika droen der héijer Kannerstierflechkeet an der staarker Stierflechkeet wéinst AIDS Rechnung.

Verwaltungsbezierker

[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Provënzen a Südafrika.

Südafrika ass an 9 Provënzen ënnerdeelt, an zwar:

Gréisser Stied

[änneren | Quelltext änneren]

Wichteg Plazen, déi vun Touriste gär besicht ginn

[änneren | Quelltext änneren]

Klima a Vegetatioun

[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Englänner sech am Joer 1806 um Kap vun der Gudder Hoffnung néiergelooss haten, hu vill fréier hollännesch Siidler, d'Buren, sech no Norden ofgesat, fir do hir Eegestännegkeet kënnen ze behalen. D'Entdeckung vu räichen Äerdschätz, Diamanten (1867) a Gold (1886), huet zu enger Verschäerfung vun de Spannungen tëscht den zwou Communautéite gefouert. D'Buren hu sech den Englänner widdersat an et koum zum Burekrich (1899-1902), e Krich deen d'Buren trotz hartnäckegem Widderstand verluer hunn. D'Unioun vu Südafrika, déi dunn entstanen ass, war bis zu hirer Ofschafung duerch e Regime vu Rassentrennung (Apartheid) gekennzeechent.

Kap vun der gudder Hoffnung

[änneren | Quelltext änneren]

Goldreef City

[änneren | Quelltext änneren]

Groot Constantia

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Südafrika – Biller, Videoen an Audiodateien