Op den Inhalt sprangen

Kanton Graubünden

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kanton Graubünden
Allgemenges
Gegrënnt 1496
Gehéiert zu Südostschwäiz
Offiziell Sprooch Rätoromanesch, Italieenesch, Däitsch
Chef-lieu Chur
Besteet aus Albula, Bernina, Engiadina Bassa/Val Müstair, Imboden, Landquart, Maloja, Moesa, Plessur, Prättigau/Davos, Surselva, Viamala
Autosplack GR
Websäit https://www.gr.ch/
Demographie
Awunner 204.888
  1. Januar 2024
Geographie
Koordinaten 46°42'N, 9°36'O
Fläch 7.105,39 km²
Héchste Punkt Piz Bernina (4.048,6 m)
Déifste Punkt Moesa (253 m)
Grenzt un Tessin, Glarus, Uri, St. Gallen, Vorarlberg, Tiroul, Lombardei, Südtiroul, Trentino-Südtiroul, Provënz Como, Provënz Sondrio, Gravedona ed Uniti, Livo, Dosso del Liro
Lag vum Kanton Graubünden an der Schwäiz

Graubünden (de. Graubünden, fr. Grisons, it. Cantone dei Grigioni, rm. Chantun Grischun, gsw. Graubünda, Bündnerland) ass ee vun de 26 Kantonen an der Schwäiz. De Chef-lieu ass Chur.

De Kanton huet 204.888 Awunner (Stand 1. Januar 2024)[1] an ass 7.105,39 km² grouss; d'Bevëlkerungsdicht läit deemno bei 28,84 Awunner / km²[2].

Graubünden ass den eenzege Kanton mat dräi Amtssproochen: Däitsch, Rätoromanesch an Italieenesch. Et ass och deen eenzege Kanton mat Rätoromanesch an nieft dem Tessin ee vun zwéi Schwäizer Kantonen, an deem Italieenesch eng offiziell Sprooch ass.

De Kanton Graubünden ass dee gréisste Kanton an der Schwäiz an e bilt de südëstlechen Deel vum Land. E charakteriséiert sech haaptsächlech duerch Bierglandschaften.

Graubünden grenzt un:

De Kanton huet bis 2016 aus 11 Bezierker bestanen a goufe mat follgende Regiounen ersat(Stand: 01.01.2024)[3]:

Regioun Awunner
Albula               8.117
Bernina               4.630
Engiadina Bassa/Val Müstair               9.139
Imboden             21.964
Landquart             26.354
Maloja             18.162
Moesa               9.230
Plessur             44.532
Prättigau/Davos             26.554
Surselva             21.804
Viamala             14.402
Total           204.888
 Commons: Kanton Graubünden – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. ↑ https://dam-api.bfs.admin.ch/hub/api/dam/assets/36073801/master; consultéiert den: 14. Januar 2026.
  2. ↑ Awunner a Fläch ginn automatesch vu Wikidata agebonnen.
  3. ↑ (de) Bilanz der ständigen Wohnbevölkerung nach Bezirken und Gemeinden, 1991-2024. dam-api.bfs.admin.ch. Gekuckt de 15.01.2026.