Op den Inhalt sprangen

Gemeng Schengen

Vu Wikipedia
Gemeng Schengen
Schrëft op der Märei vu Schengen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Schengen
de: Schengen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Réimech
Chef-lieu Rëmerschen
Buergermeeschter Michel Gloden
Awunner 5.265
  1. Januar 2026
Fläch 3.120,8794 ha
Héicht 302 m
Koordinaten 49° 28’ 12’’ N
      06° 21’ 36’’ O
LAU-Code LU1206
Websäit https://www.schengen.lu/
Gegrënnt 1. Oktober 1795
D'Gemeng Schengen (orange) am Kanton Réimech (rout)

Kaart

D'Schengener Schlass
Vue vum Markusbierg op Schengen

D'Gemeng Schengen (virun 2006: Gemeng Rëmerschen) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Den 1. Januar 2012 huet d'Gemeng sech ëm den Territoire vun der fréier Gemenge Biermereng a Welleschten vergréissert, mat deene se fusionéiert huet.

Se läit am Kanton Réimech; de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Rëmerschen.

D'Gemeng huet 5.265 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

Numm a Fusioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng ass virun allem fir d'Schengener Ofkommes bekannt, dat do ënnerschriwwe gouf. Wéinst dëser Bekanntheet ass d'Gemeng den 3. September 2006 ëmgenannt ginn, virdrun hat se den Numm vun der Uertschaft Rëmerschen.

Op den 1. Januar 2012 huet Schengen mat hiren Nopeschgemenge Welleschten a Biermereng fusionéiert[3]. Den Numm vun der Gemeng ass weiderhin „Schengen“[4].

D'Gemeng Schengen läit am Dall vun der Musel, am Dräilännereck mat Däitschland a Frankräich.

 Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Dräilännereck bei Schengen.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Fréier Gemeng Biermereng

Fréier Gemeng Rëmerschen

Fréier Gemeng Welleschten

Häff a Lieu-diten

[änneren | Quelltext änneren]

Fréier Gemeng Biermereng

Archeologesch Fondsaachen aus der Bronzezäit loossen drop zeréckschléissen, datt déi haiteg Uertschaft Schengen schonn deemools bewunnt war. Déi éischt schrëftlech Temoignagë stamen aus dem Joer 877.

D'Gemeng Rëmerschen ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

1909 gouf déi éischt Muselbréck zu Schengen ageweit, se huet d'Pont ersat, déi zanter 1451 existéiert huet. 1939, nodeem Frankräich a Groussbritannien Däitschland de Krich erkläert haten, gouf d'Bréck zerstéiert. 1959 gouf eng nei Bréck gebaut, an eng nei Autobunnsbréck, e bësse weider nërdlech, ass zanter 2003 a Betrib.

Gemeng Rëmerschen gëtt Gemeng Schengen

[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vun der Gemeng Rëmerschen huet a senger Sitzung vum 18. Januar 2006 decidéiert[5], d'Bekanntheet vun der Uertschaft Schengen auszenotzen, an eng Ufro ze maachen, fir den Numm vun der Gemeng a „Schengen“ ëmzeänneren. Dat dofir néidegt Gesetz gouf den 13. Juli 2006 an der Chamber gestëmmt an den 30. August 2006 am Mémorial Nr. A150 verëffentlecht[4]. Domat huet den Numm vun der Gemeng den 3. September 2006 vu Rëmerschen op Schengen gewiesselt.

Fusioun 2012 vu Schengen mat Biermereng a Welleschten

[änneren | Quelltext änneren]

De 27. Januar 2010 hunn d'Gemengeréit vu Schengen, Biermereng a Welleschten zougestëmmt, eng Prozedur an d'Weeër ze leeden, fir hir Gemengen ze fusionéieren. Den 10. Oktober 2010 hunn an engem Referendum dozou d'Majoritéit vun de Leit an deene betraffene Gemengen enger Fusioun 2012 zougestëmmt[6].

Den Numm vun der vergréisserter Gemeng ass, resp. bleift, „Schengen“[7].

Beschreiwung am Originaltext:

Parti d'azur à trois étoiles à cinq rais d'or ordonnés en triangle et d'un burelé d'argent et d'azur au lion de gueules, armé, couronné et lampassé d'or, la queue fourchue et passée en sautoir; le tout enté en pointe d'or à la grappe de vigne tigée de sinople.

D.C. 9. Mee 2012 - A.M. 26. Juli 2012[8]

D'Gemeng benotzt och e Logo deen nieft dem Schrëftzuch „Gemeng Schengen“ aus dräi Stären (Symbol fir d'Europäesch Unioun) an enger Drauf (Wäibauregioun Musel) besteet.

Demographesch Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]

Virun der Fusioun (bis 2011)

[änneren | Quelltext änneren]
AwunnerJoer2400270030003300360039004200180018301860189019201950198020102040AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel

No der Fusioun (zënter 2012)

[änneren | Quelltext änneren]
AwunnerJoer400042004400460048005000520054002010201320162019202220252028AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

Den 8. Oktober 2017 gouf de Gemengerot nach nom Majorzsystem gewielt; déi Kéier drop, fir d'Gemengewale vum 11. Juni 2023, gouf en eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt.

Zesummesetzung

[änneren | Quelltext änneren]
JoerEkipp*BZ*
202374

*Ekipp: Är Ekipp; BZ: Besser Zesummen
Quell: rtl.lu, Inneministère, elections.lu

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • 1843 – 1849: J. Wiltzius[9]
  • 1849 – 1854: N. Koch
  • 1854 – 1867: L Saur
  • 1867 – 1887: N. Gloden
  • 1887 – 1897: P. Gloden-Odill
  • 1897 – 1908: Chr. Koch
  • 1908 – 1920: J. Schumacher
  • 1920 – 1925: Peter Simon
  • 1925 – 1929: J. Engels
  • 1929 – [≥1934]: J. Schram[9]
  • ...
  • ...-...: Roger Weber
  • 2011 – 2017: Ben Homan[10]
  • zanter 2017: Michel Gloden

Schengener Ofkommes: firwat Schengen?

[änneren | Quelltext änneren]

De 14. Juni 1985 gouf um Muselschëff Marie-Astrid d'Schengener Ofkommes ënnerschriwwen, dat den 19. Juni 1990 duerch d'Schengener Konventioun ergänzt gouf, an de 26. Mäerz 1995 a Kraaft getrueden ass.

 Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Schengener Ofkommes.

Schengen ass dofir erausgesicht ginn, well Lëtzebuerg 1985 d'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun hat, a fir en Accord iwwer d'Ophiewe vu Grenzkontrollen en Dräilännereck vu senger Symbolik hir ganz gutt gepasst huet. Aus praktesche Grënn gouf dofir Schengen erausgesicht, well den Dräilännereck zu Rodange an enger net fotogener Industriebrooch läit, an deen zu Léiler, am Éislek ze schwéier zougänglech fir déi ganz Ministere war. Soss géif et haut vläicht weltbekannt "Rodange-" oder "Lieler-Visae" ginn...

Seng Bekanntheet krut Schengen doduerch, datt dem Duerf säin Numm op Millioune vu Visaen a Päss aus der ganzer Welt pecht. Se äussert sech a sou skurrillen Detailer wéi deem, datt eng brittesch Rockband "Schengen" heescht, oder datt et zënter dem Enn vun den 1980er Joren zu Tanger, am Marokko, e "Café Schengen" gëtt. Caféen oder Restaurante mam Numm "S(c)hengen* gëtt et der och zu Tbilisi, Sankt Péitersbuerg, zu Nei-Delhi an zu Bukarest.[11] Der Internet-Sichmaschinn Google no gëtt et iwwer 14,5 Millioune Säiten, wou iwwer "Schengen" rieds geet (Stand: Juli 2015).

Kuckeswäertes an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]
De Jumelage-Panneau Schengen-Ischgl zu Schengen

Zanter 2006 ass Schengen mat der éisträichescher Gemeng Ischgl jumeléiert. D'Festivitéite ware schonn den 10. Juni 2006. Offiziell gouf de Jumelage beim Géigebesuch de 16. Dezember 2006 zu Ischgl, wou dann och d'Konventioun ënnerschriwwe gouf.

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Schengen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

 Commons: Gemeng Schengen – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. ↑ STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 29. Juli 2026.
  3. ↑ (fr) Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes de Burmerange, de Schengen et de Wellenstein. data.legilux.public.lu (24.05.2011). Gekuckt den 11.07.2026.
  4. 1 2 (fr) Loi du 24 juillet 2006 portant changement du nom de la commune de Remerschen en celui de Schengen. legilux.public.lu (30.08.2006). Gekuckt den 18.07.2020.
  5. ↑ (fr) PROJET DE LOI portant changement du nom de la commune de Remerschen en celui de Schengen - Avis du Conseil d'état. chd.lu (20.06.2006). Gekuckt den 18.07.2020.
  6. ↑ Zu Schengen ware 55,6 % vun de Leit dofir, zu Biermereng 76,7 % an zu Welleschten hu 69,9 % mat Jo gestëmmt. Vgl: "Referendum: Fir Fusioun vu Schengen, Welleschten, Biirmereng." rtl.lu 10.10.2010, 08:40 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.10.2010, 17:54.
  7. ↑ "Aus drei mach Schengen." wort.lu 27.01.2010 15:23, aktualiséiert 27.01.2010 18:32.
  8. ↑ (fr) Arrêté ministériel du 26 juillet 2012 agréant les armoiries de la commune de Schengen. data.legilux.public.lu (26.07.2012). Gekuckt den 23.08.2026.
  9. 1 2 Die Bürgermeister im Distrikt Grevenmacher 1843—1933. In: Obermosel-Zeitung, 54. Jg., nº 87, Erstes Blatt (14.04.1934), p. 2 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  10. ↑ https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/articles/2011/11-novembre/10-assermentation.html
  11. ↑ Bodo Bost: "Schengen als Sehnsuchtsort." In: d'Lëtzebuerger Land Nr.29, 17. Juli 2015, S.13.