Op den Inhalt sprangen

Algriichesch

Vu Wikipedia
Algriichesch Dialekter.

Algriichesch ass déi antik Form vun der griichescher Sprooch. De Begrëff bezeechent dobäi keng eenheetlech Sprooch, mee ëmfaasst verschidde Sproochformen an Dialekter, déi tëscht dem Aféiere vun der griichescher Schrëft (ronn 800 v. Chr.) an dem Ufank vun der hellenistescher Period (ongeféiert 300 v. Chr.) existéiert hunn. An der Literatur gouf Algriichesch nach e puer Joerhonnerte méi laang gebraucht.

Déi bekanntst Form ass den atteschen Dialekt, deen an der Regioun Attika ronderëm Athen geschwat gouf, an deen d'Sprooch vun ënner anerem dem Sophokles, Platon an Demosthenes war. Algriichesch gouf haaptsächlech am ëstleche Mëttelmierraum an an de griichesche Kolonien am haitege Süditalien an an Egypte geschwat.

Aus dem Algriicheschen huet sech d'Mëttelgriichesch entwéckelt (och nach "Byzantinesch" genannt, 600–1453 n. Chr.), an doraus dann dat modernt Neigriichesch vun haut.

Algriichesch huet déi westlech Kultur weesentlech markéiert, duerch Philosophie, Wëssenschaft, a Literatur (z. B. Homer, Aristoteles, an och d'Neit Testament, dat gréisstendeels op Koine-Griichesch, enger spéider Form vum Griicheschen, geschriwwe gouf. Algriichesch hat och e wichtegen Afloss op vill europäesch Sproochen, déi algriichesch Friemwierder an der Medezin, Technik, Philosophie an a villen anere Beräicher iwwerholl hunn.